Salut alleguerten

mein Numm ass Jean Marie sinn 52 Joer an meng grouss Leidenschaft ass den Moto, Idee wor eng Sait ze maachen wou een all Informatiounen iwwert den Moto fënnt op GPX Dateien, PDF'en,Infoen oder Leit ze ennerstetzen déi erreicht ufänken mat Moto fueren vill Jonker froen mech kannste  am Reen fuhren, wat fir Pneuen hueste um Moto ginn et do extra Pneuen vir den Reen, oder basste schonn gefall mam Moto ass et geféierlech mam Moto an eng Kéier ze goen asw asw dofier eng Sait mat villen Informatiounen. Moto fuhren soll Spass an freet maachen an net Angscht maachen op der Strooss. wéi seet BMW

Make Life a Ride

Salut

sin de Kevin, 34 Joer aal, an säit 5 Joër leidenschaftlëche Motorradsfuërer. Mëttlerweil fueren ech eng BMW 1250 GSA, e Moto dee perfekt ass fir lang Touren, an am Terrain mëcht se sech och top. An eisem Team sin ech zoustänneg fir d'Plange fun den Touren, ob ed hei am Land/Nopeschlänner ass, oder eben och mei wäit an d'Vakanz mam Moto. Ned just de Kapp fräi kréien ass Devise, mais och Fräiheet, Leidenschaft an d'Opportunitéit nei Léit kennen ze léiren.

See you on Tour 🫡

Salutti

Ech sinn d'Vero, Alter a Gewicht as geheim, an Ech fueren seit 1993 Moto.Vu que dass Ech net ganz grouss sinn mat 1m65 as et vill probéieren op wéi enger Maschin d'Féiss dann nach op den Buedem kommen.Ech hunn mat enger 250er NX ugefaang, dunn iwwert CBR 600, 1200 GSX asw asw bis Ech elo bei enger Triumph 1200 Speed Twin hänke bliwwen sinn. De Spass um Fueren an d'Geneissen stinn am Mëttelpunkt, obwuel ab und zu och mol dee mi sportlech Gang mech iwwerkënnt.

Ech ginn ganz gären meng Erfahrung  weider un déi méi jonk Meedchercher.